Ronderëm Mamer féiert d’Wanderung duerch d’Guttland: iwwer Hiwwelen a Felder, laanscht Baachen an duerch de Bësch. D’Ronn ass 6,4 km laang. Bei normalem Tempo ass een ongeféier 1½ Stonnen ënnerwee. Et geet kaum biergop, an de gréissten Deel vum Wee féiert duerch de Bësch an iwwer Feldweeër.
Um Wee: Direbond. D’Ronn ass iwwerall mam bloen Auto-Pédestre-Symbol markéiert. Et gëtt kee feste Startpunkt.


