Mamer Thillsmillen läit am Guttland. Op dëser Ronn entdeckt een d’Géigend zu Fouss. Fir dës Ronn (7,7 km) brauch een ongeféier 2 Stonnen. Et geet kaum biergop, an de gréissten Deel vum Wee féiert duerch de Bësch an iwwer Feldweeër.
Um Wee: Réserve naturelle communale Driesch. D’Ronn ass iwwerall mam bloen Auto-Pédestre-Symbol markéiert. Et gëtt kee feste Startpunkt.


