Ronderëm Garnich féiert d’Wanderung duerch d’Guttland: iwwer Hiwwelen a Felder, laanscht Baachen an duerch de Bësch. De Wee ass 8,8 km laang. Jee nom Tempo dauert d’Wanderung ongeféier 2½ Stonnen. Ënnerwee kommen ongeféier 120 Héichtemeter zesummen, an ongeféier d’Hallschent vum Wee ass net asphaltéiert.
Iwwer kleng Weeër entdeckt een op dëser Ronn d’Géigend ronderëm d’Uertschaft. Wéi all Auto-Pédestre ass d’Ronn permanent mam bloe Symbol markéiert. Dir kënnt op all Punkt ufänken.


