Wellenstein läit an der Muselregioun am Südoste vu Lëtzebuerg. Op dëser Ronn geet et laanscht Wéngerten, iwwer d’Felder an duerch de Bësch. D’Ronn ass 8 km laang. Bei normalem Tempo ass een ongeféier 2½ Stonnen ënnerwee. Ënnerwee kommen ongeféier 180 Héichtemeter zesummen, an de gréissten Deel vum Wee féiert duerch de Bësch an iwwer Feldweeër.
Ënnerwee ze gesinn: Kuebendaellchen. Wéi all Auto-Pédestre ass d’Ronn permanent mam bloe Symbol markéiert. Dir kënnt op all Punkt ufänken.


