Ronderëm Mondorf féiert d’Wanderung duerch d’Guttland: iwwer Hiwwelen a Felder, laanscht Baachen an duerch de Bësch. Fir dës Ronn (9,9 km) brauch een ongeféier 2½ Stonnen. Et geet kaum biergop, an ongeféier d’Hallschent vum Wee ass net asphaltéiert.
Ënnerwee ze gesinn: Musée de l'aviation. D’Ronn ass iwwerall mam bloen Auto-Pédestre-Symbol markéiert. Et gëtt kee feste Startpunkt.