Dës Ronn féiert duerch d’Géigend ronderëm Oberdonven un der Musel, laanscht Wéngerten an Uebstbeem, mat Blécker op déi däitsch Säit. D’Ronn ass 10 km laang. Bei normalem Tempo ass een ongeféier 2½ Stonnen ënnerwee. Ënnerwee kommen ongeféier 140 Héichtemeter zesummen.
De Wee féiert virun allem duerch de Bësch an iwwer d’Felder. Wéi all Auto-Pédestre ass d’Ronn permanent mam bloe Symbol markéiert. Dir kënnt op all Punkt ufänken.


