Dës Ronn féiert duerch d’Géigend ronderëm Burden am Éislek, mat senge Bëscher an déiwen Däller. D’Ronn ass 4,6 km laang. Bei normalem Tempo ass een ongeféier 1½ Stonnen ënnerwee. Ënnerwee kommen ongeféier 160 Héichtemeter zesummen, an ongeféier d’Hallschent vum Wee ass net asphaltéiert.
Iwwer kleng Weeër entdeckt een op dëser Ronn d’Géigend ronderëm d’Uertschaft. D’Ronn ass iwwerall mam bloen Auto-Pédestre-Symbol markéiert. Et gëtt kee feste Startpunkt.


