Dës Ronn féiert duerch d’Géigend ronderëm Schlindermanderscheid am Éislek, mat senge Bëscher an déiwen Däller. D’Ronn ass 7,5 km laang. Bei normalem Tempo ass een ongeféier 2½ Stonnen ënnerwee. Ënnerwee kommen ongeféier 270 Héichtemeter zesummen, an de gréissten Deel vum Wee féiert duerch de Bësch an iwwer Feldweeër.
Feldweeër a Bëschweeër wiessele sech mat rouegen Niewestroossen of. D’Ronn ass iwwerall mam bloen Auto-Pédestre-Symbol markéiert. Et gëtt kee feste Startpunkt.
