Bech läit an der Regioun Mëllerdall am Oste vu Lëtzebuerg. Op dëser Ronn geet et laanscht Fielsen, duerch de Bësch an iwwer d’Felder. De Wee ass 10,6 km laang. Jee nom Tempo dauert d’Wanderung ongeféier 3 Stonnen. Ënnerwee kommen ongeféier 160 Héichtemeter zesummen, an de gréissten Deel vum Wee féiert duerch de Bësch an iwwer Feldweeër.
Iwwer kleng Weeër entdeckt een op dëser Ronn d’Géigend ronderëm d’Uertschaft. Wéi all Auto-Pédestre ass d’Ronn permanent mam bloe Symbol markéiert. Dir kënnt op all Punkt ufänken.
