Altrier läit an der Regioun Mëllerdall am Oste vu Lëtzebuerg. Op dëser Ronn geet et laanscht Fielsen, duerch de Bësch an iwwer d’Felder. Fir dës Ronn (12,7 km) brauch een ongeféier 3½ Stonnen. Ënnerwee kommen ongeféier 120 Héichtemeter zesummen, an de gréissten Deel vum Wee féiert duerch de Bësch an iwwer Feldweeër.
Ënnerwee ze gesinn: Kuelscheier Felsspalten. Wéi all Auto-Pédestre ass d’Ronn permanent mam bloe Symbol markéiert. Dir kënnt op all Punkt ufänken.


