Dës Ronn féiert duerch d’Géigend ronderëm Wilwerwiltz am Éislek, mat senge Bëscher an déiwen Däller. Fir dës Ronn (9,6 km) brauch een ongeféier 3 Stonnen. Ënnerwee kommen ongeféier 250 Héichtemeter zesummen.
Op dëser Ronn ze gesinn: Vue Kiischpelt an Geesselee. D’Ronn ass iwwerall mam bloen Auto-Pédestre-Symbol markéiert. Et gëtt kee feste Startpunkt.


