Ronderëm Stadtbredimus prägen d’Wéngerten an d’Siicht op de Museldall d’Landschaft. D’Ronn féiert iwwer d’Héichten an duerch roueg Säitendäller. D’Ronn ass 12,2 km laang. Bei normalem Tempo ass een ongeféier 3½ Stonnen ënnerwee. Ënnerwee kommen ongeféier 220 Héichtemeter zesummen, an ongeféier d’Hallschent vum Wee ass net asphaltéiert.
Ënnerwee ze gesinn: Château de Stradtbredimus an Intepéilchen. Wéi all Auto-Pédestre ass d’Ronn permanent mam bloe Symbol markéiert. Dir kënnt op all Punkt ufänken.


