Dës Ronn féiert duerch d’Géigend ronderëm Schimpach am Éislek, mat senge Bëscher an déiwen Däller. Fir dës Ronn (7,3 km) brauch een ongeféier 2 Stonnen. Ënnerwee kommen ongeféier 140 Héichtemeter zesummen.
Feldweeër a Bëschweeër wiessele sech mat rouegen Niewestroossen of. Wéi all Auto-Pédestre ass d’Ronn permanent mam bloe Symbol markéiert. Dir kënnt op all Punkt ufänken.


