Roodt sur Syre läit am Guttland. Op dëser Ronn entdeckt een d’Géigend zu Fouss. Fir dës Ronn (10,8 km) brauch een ongeféier 3 Stonnen. Et geet kaum biergop, an de gréissten Deel vum Wee féiert duerch de Bësch an iwwer Feldweeër.
Feldweeër a Bëschweeër wiessele sech mat rouegen Niewestroossen of. D’Ronn ass iwwerall mam bloen Auto-Pédestre-Symbol markéiert. Et gëtt kee feste Startpunkt.


