Ronderëm Roder gesäit een déi typesch Landschaft vum Éislek: déif Däller, Bëscher a fräi Siichten iwwer d’Hiwwelen am Norde vu Lëtzebuerg. Fir dës Ronn (7,7 km) brauch een ongeféier 2½ Stonnen. Ënnerwee kommen ongeféier 240 Héichtemeter zesummen, an de gréissten Deel vum Wee féiert duerch de Bësch an iwwer Feldweeër.
Ënnerwee ze gesinn: Kasselslay. Wéi all Auto-Pédestre ass d’Ronn permanent mam bloe Symbol markéiert. Dir kënnt op all Punkt ufänken.


