Ronderëm Oberpallen féiert d’Wanderung duerch d’Guttland: iwwer Hiwwelen a Felder, laanscht Baachen an duerch de Bësch. De Wee ass 10,1 km laang. Jee nom Tempo dauert d’Wanderung ongeféier 3 Stonnen. Ënnerwee kommen ongeféier 140 Héichtemeter zesummen.
De Wee féiert virun allem duerch de Bësch an iwwer d’Felder. D’Ronn ass iwwerall mam bloen Auto-Pédestre-Symbol markéiert. Et gëtt kee feste Startpunkt.
