Ronderëm Moesdorf féiert d’Wanderung duerch d’Guttland: iwwer Hiwwelen a Felder, laanscht Baachen an duerch de Bësch. Fir dës Ronn (7,5 km) brauch een ongeféier 2 Stonnen. Ënnerwee kommen ongeféier 200 Héichtemeter zesummen.
Um Wee: Pompjeesmusee Gemeng Miersch. Wéi all Auto-Pédestre ass d’Ronn permanent mam bloe Symbol markéiert. Dir kënnt op all Punkt ufänken.


