Dës Ronn féiert duerch d’Géigend ronderëm Harlange am Éislek, mat senge Bëscher an déiwen Däller. Fir dës Ronn (8,3 km) brauch een ongeféier 2½ Stonnen. Ënnerwee kommen ongeféier 140 Héichtemeter zesummen.
Iwwer kleng Weeër entdeckt een op dëser Ronn d’Géigend ronderëm d’Uertschaft. Wéi all Auto-Pédestre ass d’Ronn permanent mam bloe Symbol markéiert. Dir kënnt op all Punkt ufänken.


