Ronderëm Bridel féiert d’Wanderung duerch d’Guttland: iwwer Hiwwelen a Felder, laanscht Baachen an duerch de Bësch. Fir dës Ronn (8,2 km) brauch een ongeféier 2 Stonnen. Et geet kaum biergop, an ongeféier d’Hallschent vum Wee ass net asphaltéiert.
Ënnerwee ze gesinn: Missiounskraiz. Wéi all Auto-Pédestre ass d’Ronn permanent mam bloe Symbol markéiert. Dir kënnt op all Punkt ufänken.


