Ronderëm Bourglinster féiert d’Wanderung duerch d’Guttland: iwwer Hiwwelen a Felder, laanscht Baachen an duerch de Bësch. Fir dës Ronn (9,7 km) brauch een ongeféier 2½ Stonnen. Ënnerwee kommen ongeféier 130 Héichtemeter zesummen, an de gréissten Deel vum Wee féiert duerch de Bësch an iwwer Feldweeër.
Op dëser Ronn ze gesinn: Château de Bourglinster an Altlinster. Wéi all Auto-Pédestre ass d’Ronn permanent mam bloe Symbol markéiert. Dir kënnt op all Punkt ufänken.
