Dës Ronn féiert duerch d’Géigend ronderëm Belvaux am Minett, wou haut nees Planzen op de fréieren Ofbaugebidder wuessen. Fir dës Ronn (9,4 km) brauch een ongeféier 2½ Stonnen. Ënnerwee kommen ongeféier 170 Héichtemeter zesummen, an ongeféier d’Hallschent vum Wee ass net asphaltéiert.
Ënnerwee ze gesinn: Zolwerknapp. Wéi all Auto-Pédestre ass d’Ronn permanent mam bloe Symbol markéiert. Dir kënnt op all Punkt ufänken.


